Gëff Formateur bei StudyPlaces

Du studéiers a wëlls niewebäi flexibel schaffen, däi Wësse weiderginn a Schüler op hirem schoulesche Wee ënnerstëtzen?

Da gëff Deel vun eisem Team a begleed Schüler aus dem Primaire oder dem Lycée an eise Säll zu Groussbus, Useldeng oder Viichten.

Firwat Formateur bei StudyPlaces ginn?

🕐 Flexibel Aarbechtszäiten

Du gëss eis deng Disponibilitéiten un, a mir plangen deng Coursen esou, datt se bei däi Stonneplang passen.

📍 Dräi Standuerter

Du kanns, jee no denger Disponibilitéit, zu Groussbus, Useldeng oder Viichten Coursen halen.

🎓 Ideal fir Studenten

Sammel praktesch Erfarung a verdéng gläichzäiteg Sue niewent dengem Studium.

👥 Kleng Gruppen

Du betreis keng grouss Klassen, mee eenzel Schüler oder kleng Gruppe mat maximal véier Schüler.

📚 Unterrechtsmaterial zur Verfügung

Wann e Schüler keen eegent Material matbréngt, stinn passend Aufgaben an Übungsmaterialien zur Verfügung.

🤝 Ënnerstëtzung duerch eist Team

Bei Froen oder Schwieregkeete bass du net op dech eleng gestallt. Eist Organisatiounsteam ënnerstëtzt dech bei denger Aarbecht.

Wat mécht e Formateur?

Als Formateur begleeds du Schüler individuell bei hiren Hausaufgaben, dem aktuelle Schoulstoff an der Virbereedung op Tester a Prüfungen. Du erkläers d’Inhalter op eng verständlech Manéier, hëllefs bei Schwieregkeeten a sichs, wann néideg, passend zousätzlech Übungen eraus.
Och bei der Nohëllef a klenge Gruppe schafft all Schüler u sengen eegenen Aufgaben. Deng Aufgab ass et, d’Schüler individuell ze begleeden an hinnen do ze hëllefen, wou si Ënnerstëtzung brauchen.

Wie siche mir?

Dat solls du matbréngen

  • Ganz gutt Kenntnisser an opmannst engem relevante Schoulfach
  • Zouverlässegkeet, Pünktlechkeet, Gedold a Freed um Erklären
  • E frëndlechen a respektvollen Ëmgang mat Kanner a Jugendlechen
  • Eng selbststänneg a verantwortungsbewosst Aarbechtsweis

 

Zesumme begleeden. Zesumme fërderen. Zesummen eppes beweegen.