Nohëllef zu Lëtzebuerg: Erfollegräich léiere mat StudyPlaces

StudyPlaces bitt individuell Nohëllef fir Schüler aus der Grondschoul an dem Lycée zu Lëtzebuerg un.

✓ Wëssenslücken opschaffen
✓ De Schoulstoff besser verstoen
✓ Méi Sécherheet am Schoulalldag gewannen

An eise klenge Gruppe léiert Äert Kand mat maximal dräi weidere Schüler a gëtt dobäi individuell ënnerstëtzt.

Donieft bidde mir och Eenzelnohëllef zu marktübleche Präisser un.

Cycle 1.2 - 4.2 

Mir begleeden d’Grondschüler individuell bei den Hausaufgaben, Tester, dem aktuelle Schoulstoff an an de Beräicher, wou nach Schwieregkeete bestinn. Mat verständlechen Erklärungen a passenden Übungen hëllefen eis Formateuren a Formatricen de Kanner dobäi, wichteg Grondlagen ze festegen a méi Sécherheet am Schoulalldag ze gewannen.

Dobäi geet et bei eis éischter ëm eng individuell Begleedung wéi ëm klasseschen Unterrecht. Am Mëttelpunkt stinn Zesummenaarbecht, Motivatioun an Teamwork – an net den Drock, einfach nëmme Schoulstoff ofzeschaffen.

Lycée 7ème - 1ère

Mir ënnerstëtzen d’Lycée-Schüler gezielt bei den Hausaufgaben, bei méi usprochsvollem Schoulstoff an an der Virbereedung op Tester a Prüfungen. Eis Formteursekipp geht individuell op Froen a Wëssenslücken an an hëlleft de Schüler dobäi, de Schoulstoff besser ze verstoen an en méi sécher ze beherrschen.

Och hei steet virun allem d’individuell Begleedung am Mëttelpunkt. Eist Team déngt dobäi éischter als Orientéierungshëllef, weist de Schüler de richtege Wee a fërdert hir Selbststännegkeet, amplaz de Stoff einfach zesumme mat hinnen ofzeschaffen.

Déi passend Ënnerstëtzung fir all Schüler

Bei StudyPlaces kritt all Schüler déi Ënnerstëtzung, déi zu sengen individuellen Bedierfnesser passt. Wielt tëscht perséinlecher Eenzelnohëllef an enger semi-individueller Betreiung an eise klenge Gruppen aus, ganz wéi et iech am beschten passt. Mir berooden iech gaeren wann bei desem Choix eventuell Onkloerheeten sollte sin.

Individuell Nohëllef

Perséinlech 1-zu-1-Betreiung, déi sech ganz no den individuelle Bedierfnesser vun Schüler riicht. Är perséinlech Formatrice oder ären Formateur kënnen ganz gezielt op all Froen, Schwieregkeeten an Onkloerheete beim aktuelle Schoulstoff agoen.

Nohëllef a klenge Gruppen

All Schüler schafft u sengen eegenen Aufgaben a gëtt dobäi puer Kéieren pro Stonn individuell vum zoustännegen Formateur ënnerstëtzt. An enger Grupp léiert de Schüler zesumme mat engem bis maximal dräi weidere Schüler un engem Dësch.

EIS PRÄISSER

Transparent Präisser fir all Schoulstuf

Eis Präisser riichte sech nom Niveau an der gewënschter Nohëllefsform. Wielt tëscht individueller Betreiung an enger klenger Grupp a perséinlecher 1-zu-1-Nohëllef.

Cycle 1.2 – 4.2


Kleng Grupp

25 € / Stonn

Eenzelnohëllef

37 € / Stonn

Lycée 7e - 4e


Kleng Grupp

35 € / Stonn

Eenzelnohëllef

49 € / Stonn

Lycée 3e – 1re


Kleng Grupp

39 € / Stonn

Eenzelnohëllef

57 € / Stonn


Vergënschtegt Konditioune méiglech

Bei der Umeldung vu méi Kanner, bei gemeinsamen Umeldunge vu méi Familljen, bei Weiderempfeelungen un aner Familljen oder bei enger reegelméisseger Nohëllef iwwer e puer Méint bidde mir vergënschtegt Konditiounen un, baséieren op eiser erweiderter offizieller Präislecht fir all déi verschidden konkret Fäll. Schwätzt eis gär dorop un!

Eis Standuerter zu Lëtzebuerg

StudyPlaces bitt Nohëllef op dräi Standuerter am Weste vu Lëtzebuerg un. Esou kënnen d’Familljen dee Standuert wielen, deen fir si am beschten ze erreechen ass.

📍Groussbus📍Useldeng📍Viichten

Firwat StudyPlaces?

Méi wéi klassesch Nohëllef: Mir begleeden Äert Kand individuell a behalen zesumme seng Léierfortschrëtter am Bléck.

🎓 Méi wéi 12 Joer Erfarung

Eist Organisatiounsteam huet méi wéi 12 Joer Erfarung am Beräich vun der Nohëllef a kennt de lëtzebuergesche Schoulsystem ganz gutt.

🏫 No um Schoulunterrecht

Mir schaffe mat de Schoulbicher an dem Unterrechtsmaterial vun Ärem Kand a stëmmen eis op Wonsch och mam Léierpersonal of.

🌍 No um Schoulunterrecht

D’Betreiung ass op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch méiglech – Dir decidéiert, wéi eng Sprooch am beschte fir Äert Kand passt.

📊 Léierstand iwwerpréiwen

Op Wonsch erstelle mir individuell Tester, fir festzestellen, wat schonn gutt verstanen ass a wou nach gezielt dru geschafft soll ginn.

💬 Reegelméissege Feedback un d’Elteren

D’Eltere kréien all Woch e Feedback iwwer d’Nohëllef, d’Fortschrëtter vun hirem Kand an denen Beräicher, an denen nach weider geüübt soll ginn.

⭐ Léiere mat Motivatioun

Eise Belounungssystem mécht d’Fortschrëtter siichtbar a motivéiert d’Kanner, drun ze bleiwen an hir perséinlech Léierziler z’erreechen.

📚 Passend Übungsmaterial

Huet Äert Kand keng Hausaufgaben dobäi oder brauch et zousätzlech Übung, stellen eist Team passend Aufgaben a Léiermaterialien zur Verfügung.

👤 Individuell Betreiung

Och an eise klenge Gruppe schafft all Kand u sengen eegenen Aufgaben an a sengem eegenen Tempo a gëtt dobäi individuell ënnerstëtzt.

„Meng Duechter geet ganz gär an d’Nohëllef. Besonnesch gutt gefält mir, datt wierklech op hir Schwieregkeeten agaange gëtt an datt si alles a Rou erkläert kritt.“

— Marie P. vu Mäertzeg

„Wann ech eppes an der Schoul net verstanen hunn, kann ech et mir hei nach eng Kéier erkläre loossen. Dat hëlleft mir besonnesch virun Tester a Prüfungen.“

— Luca S. vun Useldéng

„Déi kleng Gruppe gefalen eis ganz gutt. Mäi Jong schafft u sengen eegenen Aufgaben a kritt trotzdeem ëmmer Hëllef, wann hien se brauch.“

— Lisa S. vu Réiden

FAQ

Fir wéi eng Schüler bitt StudyPlaces Nohëllef un?

Mir begleede Schüler aus der Grondschoul an aus dem Lycée. D’Ënnerstëtzung gëtt individuell un den aktuelle Léierstand, d’Schwieregkeeten an d’schoulesch Ufuerderunge vum Schüler ugepasst.

A wéi enge Fächer bitt StudyPlaces Nohëllef un?

Mir ënnerstëtze Schüler an de wichtegste Schoulfächer, dorënner Mathematik, Däitsch, Franséisch an Englesch. Jee no Schoulstuf a Besoin kënnen och weider Fächer ugefrot ginn.

Wou fënnt d’Nohëllef statt?

Eis Nohëllef fënnt aktuell op dräi Standuerter am Weste vu Lëtzebuerg statt: Groussbus, Useldeng a Viichten. Zesumme mat Iech fanne mir dee Standuert, deen am beschte fir Är Famill passt.

Wéi funktionéiert d’Nohëllef a klenge Gruppen?

An eise klenge Gruppe léiere maximal véier Schüler gläichzäiteg, meeschtens sinn et der zwee bis dräi. Dobäi schafft all Schüler individuell u sengen eegenen Aufgaben an a sengem eegenen Tempo. Eis Ekipp ënnerstëtzt d'Schüler gezielt do, wou si Hëllef brauchen.

Bitt StudyPlaces och Eenzelnohëllef un?

Jo. Bei der Eenzelnohëllef kritt Äert Kand eng perséinlech 1-zu-1-Betreiung. Doduerch kann den individuellen Formateur sech wärend der ganzer Stonn voll op déi individuell Bedierfnesser vum Schüler konzentréieren.

Wat soll den Schüler mat an d’Nohëllef bréngen?

Am beschte bréngt den Schüler seng Schoulbicher, Hefter, Aarbechtsblieder, Hausaufgaben souwéi Informatiounen iwwer bevirstoend Tester oder Prüfunge mat. Esou kënne mir eis Nohëllef esou gutt wéi méiglech um aktuelle Schoulstoff orientéieren.

Wat geschitt, wann de Schüler keng Hausaufgaben huet?

Kee Problem. Eis Formateuren kënnen Ärem Kand passend Aufgaben a Léiermaterialien zur Verfügung stellen a gezielt Themen widderhuelen oder verdéiwen, bei deenen nach Schwieregkeete bestinn.

Kënnt Dir feststellen, wou den Schüler nach Schwieregkeeten huet?

Jo. Op Wonsch kënne mir individuell Übungen an Tester erstellen, fir ze iwwerpréiwen, wéi eng Inhalter den Schüler scho sécher verstanen huet an a wéi enge Beräicher nach gezielt dru geschafft soll ginn.

Kréien d’Elteren e Feedback iwwer d’Léierfortschrëtter?

Jo. D’Eltere kréie reegelméisseg – an der Reegel all Woch – e Feedback iwwer d’Nohëllef, déi observéiert Fortschrëtter an déi Beräicher, un deenen nach weider geschafft soll ginn.

Kënnt Dir Kontakt mam Léierpersonal vu mengem Kand ophuelen?

Jo. Op Wonsch a mat der Zoustëmmung vun den Eltere kënne mir eis mam Léierpersonal austauschen. Esou kënne mir schoulesch Schwieregkeeten an aktuell Léierschwéierpunkten nach méi gezielt berücksichtegen.

A wéi enger Sprooch fënnt d’Nohëllef statt?

Eis Betreiung ass op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch méiglech. D’Eltere kënne mat eis ofschwätzen, wéi eng Sprooch fir d’Nohëllef vun hirem Kand am sënnvollsten ass.

Schafft Dir mat de Schoulbicher vu mengem Kand?

Jo. Mir schaffe wa méiglech mat de Schoulbicher, Aarbechtsblieder an Unterrechtsmaterialien, déi Äert Kand och an der Schoul benotzt. Esou kann d’Nohëllef direkt un den aktuelle Schoulunterrecht uknäppen.

Wéi vill Erfarung huet d'Equipe vun StudyPlaces?

Eist Organisatiounsteam huet méi wéi 13 Joer haaptberufflech Erfarung am Beräich vun der Nohëllef a kennt d’Besonneschheeten an d’Ufuerderunge vum lëtzebuergesche Schoulsystem ganz gutt.

Wéi kann ech mäi Kand umellen?

Kontaktéiert eis einfach iwwer eise Kontaktformulaire. Deelt eis d'Schoulstuf, de gewënschte Standuert an, wa méiglech, och déi Fächer mat, an deenen Äert Kand Ënnerstëtzung brauch. Duerno kucke mir zesumme mat Iech, wéi eng Léisung am beschte passt.

Kontaktéiert eis